A voller Bléi aktuell

Dir wëllt eppes géint d‘Beiestiewen an de Verloscht un naturnoem Liewensraum ënnerhuelen?

Da bitt de Beien a Päiperleken iwwert d’ganz Saison Nektar a Pollen op Ärem Balcon an an Ärem Gaart. Mir hunn Iech eng Lëscht mat insektefrëndleche Planze fir sonneg an hallefschied Standuerter zesummegestallt, déi zu ënnerschiddleche Momenter bléien. Dës Planze krit Dir bei eise Partnergeschäfter ze kafen. All Informatiounen iwwer d‘Aktioun „A voller Bléi“ fannt Dir op eisem neie Site Natur elo!  naturelo.meco.lu

Mir stellen Iech och all Mount 2 Staude vir, déi sech dee Moment an der Bléi befannen. Wa méiglech, planzt Dir awer schonn elo am Fréijoer déi 8 oder 16 Stauden a verfollegt hier Entwécklung bis an den Oktober eran. Vill Spaass beim Planzen a Beobachten 😉