Den Oekozenter Pafendall asbl sicht een/eng Ëmweltberoder/in
Download(s)
D’Ëmweltberodung vum Oekozenter Pafendall well sech personell verstärken a sicht eng Persoun, déi sie bei der Berodung a Sensibiliséierung vu Veräiner, Gemengen an Entreprisen am Beräich vun nohaltegen Eventer ënnerstëtzt an och der Equipe bei der Organisatioun vu Workshopen a bei der Kommunikatioun vun de Projeten ënnert Äerm gräift. Och bei eisen Aarbechten zu den Themenberäicher nohaltegen Tourismus, Green Events an Offallvermeidung brauche mir Äre Support.
Äre Profil:
- Minimum Bac +3 am Beräich Ëmweltwëssenschaften oder a verwandte Beräicher
- Erfarung am Beräich Kommunikatioun ass vu Virdeel
- Teamgeescht a Kontaktfreedegkeet
- Eegestännegkeet
- Engagement a groussen Interessi am Beräich vun der Ëmwelt an der Nohaltegkeet
- Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen
Mir bidden:
- Eng ofwiesslungsräich Aarbecht an enger flotter a multidisziplinärer Equipe
- Kontakt an Austausch mat vill verschiddenen Ëmweltakteuren
- Méiglechkeet praxisbaséiert Kenntnisser an diversen Ëmweltthemen opzebauen an ze verdéiwen
- 32-40 Stonne pro Woch
- CDD vun engem Joer (mat Perspektiv op Verlängerung)
Schéckt Är Kandidatur mat CV a Motivatiounsbréif bis den 22/01/2024 un
Oekozenter Pafendall
6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg
oder per E-mail un: oekozenter@oeko.lu
Tel.: 43 90 30 40