Den Oekozenter Pafendall asbl sicht een/eng Ëmweltberoder/in

D’Ëmweltberodung vum Oekozenter Pafendall well sech personell verstärken a sicht eng Persoun, déi sie bei der Berodung a Sensibiliséierung vu Veräiner, Gemengen an Entreprisen am Beräich vun nohaltegen Eventer ënnerstëtzt an och der Equipe bei der Organisatioun vu Workshopen a bei der Kommunikatioun vun de Projeten ënnert Äerm gräift. Och bei eisen Aarbechten zu den Themenberäicher nohaltegen Tourismus, Green Events an Offallvermeidung brauche mir Äre Support.

Äre Profil:

  • Minimum Bac +3 am Beräich Ëmweltwëssenschaften oder a verwandte Beräicher
  • Erfarung am Beräich Kommunikatioun ass vu Virdeel
  • Teamgeescht a Kontaktfreedegkeet
  • Eegestännegkeet
  • Engagement a groussen Interessi am Beräich vun der Ëmwelt an der Nohaltegkeet
  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen

Mir bidden:

  • Eng ofwiesslungsräich Aarbecht an enger flotter a multidisziplinärer Equipe
  • Kontakt an Austausch mat vill verschiddenen Ëmweltakteuren
  • Méiglechkeet praxisbaséiert Kenntnisser an diversen Ëmweltthemen opzebauen an ze verdéiwen
  • 32-40 Stonne pro Woch
  • CDD vun engem Joer (mat Perspektiv op Verlängerung)

 

Schéckt Är Kandidatur mat CV a Motivatiounsbréif bis den 22/01/2024 un

Oekozenter Pafendall

6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg

oder per E-mail un: oekozenter@oeko.lu

Tel.: 43 90 30 40