Neuer Tipp der Kampagne „fixit“!: Gutt Geschier

An der Serie fixit! Flécken.Léinen.Notzen fannt Dir reegelméisseg nei Tipps an Informatioune ronderëm d’Themen „reparéieren, weidernotzen an deelen“. Hei fannt Dir den aktuellsten Tipp zum Thema „Sharing Plattform vun Handwierksgeschier“. Kuckt Iech och déi aner Tipps un a suivéiert de Projet hei um Site op Facebook an Instagram fir iwwert all Neiegkeete ronderëm dës Serie informéiert ze bleiwen.

 

Gutt Geschier ass eng Sharing-Initiative, déi vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg an d’Liewe geruff gouf. D’Iddi ass einfach: Iwwert eng Websäit kann sech jiddweree gratis Schaff- oder Gaardegeschier ausléine fir doheem ze schaffen.  Bei Facilitec zu Esch, beim Matgesfeld zu Bieles a geschwënn am Sono Café zu Miersch kann een d’Geschier siche goen. Et ass deemno eng “Bibliothéik” vu Géigestänn. Eng ganz Rei vun dësem Geschier gëtt vu Privatleit, Ressourcenzenteren oder Firme gesammelt an an engem gemeinsamen Dépôt stockéiert. Nodeems et iwwerpréift ginn ass, gëtt et iwwert eng Websäit ausgeléint. Sou kann onnéidege Ressourcëverbrauch evitéiert a beschtméiglech vun de Géigestänn profitéiert ginn.

 

Kennt Dir änlech Sharing Initativen aus Lëtzebuerg ? Dann deelt eis déi mat iwwwer christophe.murroccu@oeko.lu!

 

 

 

 

Hier geht’s zurück zur „fixit!“-Startseite