Tëschebilanz Aktioun Schléifer

Wéi vill Schléifer goufe gemellt a wéi ass hir Verbreedung?

Wärend de Gaardeschléifer, de Siweschléifer an d’Hieselmaus aktuell gutt verstoppt an enger Äerd- oder Bamhiel, an engem Nistkasten, engem Gaardenhaischen oder (wee weess) bei Iech ënnert dem Dach hire Wanterschlof halen, mecht de Mouvement Ecologique an den oekozenter Pafendall eng  Tëschebilanz vun der Aktioun Schléifer.

Insgesamt goufen am éischte Joer vun der Aktioun zesummen 58 Schléifer iwwert iNaturalist, E-mail oder Telefon gemellt.

Eng flott Zuel, bedenkt een, dass d’Schléifer virun allem Nuets ënnerwee sinn an och soss sou kleng a flénk sinn, dass ee scho ganz vill Chance muss hunn, fir engem Schléifer ze begéinen, oder souguer eng Foto ze maachen.

Trotzdeem konnte vun dësen 58 Observatiounen der 20 duerch eng Foto beluecht ginn. De Foto-Noweis mécht d’Observatioun nach méi wäertvoll, wëll se esou verifizéiert ass an an d’Datebank GBIF (GBIF—the Global Biodiversity Information Facility) vum natur musée opgeholl, a fir wëssenschaftlech Zwecker genotzt ka ginn.

Dir wëllt méi iwwert d’Verbreedung vun de Schléifer hei zu Lëtzebuerg an an Europa gewuer ginn? Da klickt op folgendne Link an lies de ganzen Tëschebericht zur Aktioun Schléifer op www.naturelo.meco.lu

März 2022