Webinar: Wéi bereeden ech meng Gemeng op d’Mehrweg-Geschier bei Eventer vir ?

Spullstroossen a Spullweenercher – Wéi bereeden ech meng Gemeng op d’Mehrweg-Geschier bei Eventer vir ?

Mëttwoch, de 27. September 2023 vu 15h00 – 17h30

Fir Gemengevertrieder a Gemengeservicer

Eng Rei Erausfuerderungen kommen am Moment op Gemengen a Veräiner zou. Bis 2025 gëtt Einweg-Geschier op Eventer komplett verbueden. Fir den Offall op den Eventer däitlech ze reduzéieren a lokal Organisateuren bei der Ëmsetzung vun nohaltegen Eventer ze ënnerstëtzen, gëtt et ëmmer méi wichteg déi kommunal (bzw. interkommunal) Infrastrukturen an Akeef nohalteg ze gestalten an unzepassen.

An dem Kader stelle sech vill Froen zu der Gestioun vu Spullweenercher, Spullstroossen a Mehrweg-Geschier:

Lount et sech eng Spullstrooss zesummen mat anere Gemengen aus der Regioun opzebauen an op wat muss een do oppassen? Wéi eng Käschten sinn domadder verbonnen a kritt een dofir eng finanziell Ënnerstëtzung? Wéi kann d’Locatioun vun engem Spullweenchen tëscht Nopeschgemengen ausgesinn? Wéini ass d’Verlounen vu Mehrwegplastik-Geschier niewent Porzeläins-
telleren a Glieser sënnvoll?

De Webinar gëtt op Lëtzebuergesch gehalen.

Dëse Webinar gëtt vum Oekozenter Pafendall organiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an Zesummenaarbecht mam Mouvement Ecologique, mat der Ëmweltverwaltung, der SuperDrecksKëscht, der Emweltberodung Lëtzebuerg a mam Klima-Bündnis Lëtzebuerg.

 

Programm vum Webinar

Accueil ab 14h45

Intro

Oekozenter Pafendall

 

Offallgesetz a Subsiden fir Spullanlagen

Sophie Capus, Ëmweltverwaltung

 

Spullkëscht zu Suessem: Erfarungen a Lessons learned

Dany Scholten, Chargé de Direction CIGL Suessem

 

Mehrweg-Geschier: Kafen oder lounen?

Julien Primout, Relations Publiques, Gemeng Reckeng op der Mess

 

Spullweenchen, Mehrweg-Geschier an Eventmaterial fir Veräiner

Andy Wagner, Service Technique, Gemeng Beefort

 

Gestioun vum Spullweenchen an enker Zesummenaarbecht mat den Nopeschgemengen

Sebastian Pohl, Service Technique, Gemeng Munneref

 

Oppenen Austausch

Mellt Iech wgl. iwwer dëse Link un

https://oeko.limesurvey.net/562887?lang=de

Heiriwwer kënnt Dir och e Certificat fir d’Participatioun ufroen. Den Oekozenter Pafendall ass en unerkannte Weiderbildungszenter.

Fir um Webinar deelzehuelen, klickt op dëse Zoom-Link

https://us02web.zoom.us/j/89647236974?pwd=RmhKV05USDg5QnBLRDZ3VjZGK2RHZz09