Natur a Landschaft erliewen an erhalen – am 21. Joerhonnert?

Weiderbildung Natur a LandschaftDen Oekozenter Pafendall an de Mouvement Ecologique organiséieren e flotten Weiderbildungszyklus ronderëm den Thema Natur a Landschaften, dat vum Juli bis den November 2015.

Duerch Visitten, direkt Naturerfahrung, Gespréicher mat Fieschter, Geschichtler, Verantwortlechen vu Naturschutzsyndikater… soll e besonnesch flotten Abléck an den Thema erméiglecht ginn.

 

 

 

Theme vun de Veranstaltunge sinn:

  1. Aféierung – Wat hu Fliedermais mat der Entwécklung vun eisen Uertschaften ze doen?: Freiden, de 17. Juli 2015 vun 18:00 – 22:00 Auer, Haff Réimech
  2. De klengen Neimärder – wou en ass, ass d’Landschaft nach an der Rei…! Dënschden, den 28. Juli 2015 vun 17:30 – 21:00 Auer, Beetebuerg
  3. D’Wëll Kaz an d’Hieselmaus: vun Trëppelsteng a Korridoren an der Landschaft Dënschden, den 22. September vun 18:30-22.30, Emgéigend vu Miersch
  4. Wéi een an de Bësch rifft… Samschden, den 3. Oktober 2015 vun 9:00 – 12.30, Äischdall
  5. Landschaften, vu Mënsche geprägt: gëschter, haut a muer Samschden, de 17. Oktober 2015 vun 8:30 – 12:30, Uelzechtdall
  6. Abschlussveranstaltung: «Neo-Nature» – Natur mit neuer Zukunft? Mëtt November 18:30 – 21:30, Oekozenter Pafendall, Stad

Weider Informatiounen fannt Dir an eisem Virstellungsflyer am Download