FIXIT Tipp: Digital Inclusion

Dir hutt Äre Smartphone oder Laptop viru kuerzem gewiesselt, mee Ären alen Apparat geet nach? Dann loosst e net am Tirang leien a  gitt en un Digital Inclusion a.s.b.l.!  Digital Inclusion setzt dës Apparater zesumme mat Flüchtlingen a mat anere Fräiwëllegen op de leschte Stand a verdeelt se gratis un Residenten an der Sozialhëllef sou wéi och un Refugiéen zu Lëtzebuerg. Sou erméiglecht Dir enger anerer Persoun en Zougang zu digitaler Ausrëschtung, stäerkt de sozialen Zesummenhalt a schount Ressourcen.

 

Digital Inclusion huet säit hirer Grënnung am Joer 2016 schonn iwwer 6000 Geräter erëm an d’Rei bruecht an an den Ëmlaf gesat. Dat si vill Tonne gespuerten Elektroschrott! Drot och dir Ären Deel dozou bäi, och Firmen an Organisatiounen!

 

Dir fannt Digital Inclusion op digital-inclusion.lu .

 

Dir kennt aner Initiativen, déi sozial an ekologesch Repair Atelieren bedreiwen, an och Spende vu Smartphonen a Laptoppe zu Lëtzebuerg verdeelen? Dann deelt eis dat mat!

 

 

Hier geht’s zurück zur „fixit!“-Startseite